Zevill heich Temperaturen ob der Aarbeschtsplaz

Hëtzefräi – Misst d’Gesetz mei konkret regelen, wéi warm et ob der Aarbechtsplaz dierf ginn?D’Piraten hunn dem Arbeschtsminister folgend parlamentaresch Fro gestallt.

De Code de Travail (Art. L. 313-1) hält fest, dass Salariéen obligéiert sinn “[de] signaler immédiatement, à l’employeur et/ou aux salariés désignés et aux délégués à la sécurité, toute situation de travail dont ils ont un motif raisonnable de penser qu’elle présente un danger grave et immédiat pour la sécurité et la santé ainsi que toute défectuosité constatée dans les systèmes de protection.”

Bei héije Baussentemperaturen kann et och a Bürosraim séier immens waarm ginn, esou dass och ze héich Temperaturen ob der Aarbechtsplaz e Gesondheetsrisiko an domat en “danger grave et immédiat pour la sécurité et la santé” duerstelle kennen. Well et zu Lëtzebuerg – anescht wéi an eisem Nopeschland Däitschland – keng konkret gesetzlech Reegelung gëtt, déi festhält, ab wéi engen Temperaturen Aarbeschter fräi misste kréien, trauen sech déi wéinegsten Employéen, sech ob de Code de travail an d’Garantie vun der Sécherung vun hirer Gesondheet ze berufen, fir bei grousser Hëtzt frei ze kréien.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Deelt de Minister d’Usiicht, dass ze héich Temperaturen ob der Aarbechtsplaz eng Gefor fir d’Gesondheet duerstellen?
  • Ass de Minister der Meenung, dass gesetzlech misst gereegelt ginn, wéi vill Grad Celsius an engem Aarbechtsëmfeld maximal a minimal erreecht däerfe ginn?
  • Ass de Minister der Meenung, dass esou eng gesetzlech Reegelung sech och explizit ob d’Enseignantë bezéie sollt, esou dass och eng Limitt fir Temperaturen a Klassesäll am Gesetz festgeschriwwe géif ginn, fir och d’Kanner ze schützen an d’Entscheedung vum Hëtzefräi net eleng bei de Gemengen ze beloossen?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene