Kontrolle vum FNS

De FNS huet ee Service de “Répression des fraudes”, an deem eng kleng Unzuel u Beamte schaffen. Dës Beamten ënnersichen, ob d’Persounen déi de Revis oder de RPGH kréien, dësen och an deem Montant ze gutt hunn. Fir dëst ze kontrolléiere kënnen Hausbesich gemaach ginn. 1486 Mol koum et, laut Rapport vum FNS, d’lescht Joer zu Hauskontrollen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft ass an deene leschte 5 Joer eng Kontroll bei enger Persoun doheem duerch de FNS gemaach ginn (opgeschlësselt no Joer)?

  2. Wat sinn d’Schrëtt bei esou enger Kontroll?

  3. Wat gëtt gemaach am Fall wou eng Persoun net doheem unzetreffen ass?

  4. Kënnt et fir, dass de FNS dee Moment, wou déi betraffe Persoun net doheem ass, dann d’Familljememberen opsicht?
    Wa jo, wat sinn d’Schrëtt vun dëser Demarche ?
    Wa jo, wéi gëtt an dësem Fall den Dateschutz vun de medezineschen Donnéeë garantéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7739

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene