Importer an Exporter aus dem Iran

Duerch de LUSTAT Data Explorer kann een sech ukucken, wéi vill Handel (Import wéi Export) de Grand-Duché mat de Länner iwwerall op der Welt bedreift. D’Opzielung ass awer limitéiert an esou fannen net all d’Länner eng Plaz op der Lëscht. Ee Beispill heivir ass den Iran, dee jo scho laang vu westleche Sanktioune betraff ass, an deen duerch d’Ënnerdréckung an d’Gewalt vun de Protester nom Doud vum Mahsa Amini op e neits staark kritiséiert gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Tonnen u Wuere goufen an deene leschte 5 Joer aus dem Iran importéiert (opgelëscht no Joer) ?

  2. Wéi vill Tonnen u Wuere goufen an deene leschte 5 Joer an den Iran exportéiert (opgelëscht no Joer) ?

  3. Wat sinn déi 3 heefegste Wueren, déi vu Lëtzebuerg an den Iran exportéiert ginn?

  4. Wat sinn déi 3 heefegste Wueren, déi aus dem Iran importéiert ginn?

  5. Wéi héisch sinn d’Servicer, déi all Joer (oplëscht op déi lescht 5 Joer) fir Akteuren am Iran geleescht ginn?

  6. Wéi héisch sinn d’Servicer, déi all Joer (oplëscht op déi lescht 5 Joer) aus dem Iran un Akteuren a Lëtzebuerg geleescht ginn?

  7. Wat sinn déi heefegsten Servicer, déi importéiert ginn?

  8. Wéi sinn déi heefegsten Servicer, déi exportéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7620

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt