Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Ongläichheete bei der Berechnung vum Rentenantrëttsalter

De 15. Februar 2023 gouf am Tageblatt en Artikel verëffentlecht mam Titel “Wie ein Behörden-Formular einen Deutschen zwei Jahre früher in den Vorruhestand schickt”. Aus dem Artikel geet ervir, dass säit 2022 däitsch Aarbechter·innen, déi an Däitschland studéiert hunn oder do eng Ausbildung absolvéiert hunn, hier Formatiounsjoren anescht fir hier Pensioun ugerechent kréien, wéi déi lëtzebuergesch Gesetzgebung et virgesäit. Grond fir dës Diskrepanz soll en neie Formular si mam Numm P5000. Duerch dëse Formular gi Versécherungszäiten aus dem EU-Ausland ëmmer dann zu Lëtzebuerg als Pflichtversécherungszäiten unerkannt, wann dës vum Versécherungsland esou bewäert ginn. Wann also z. B. déi däitsch Gesetzgebung d’Studiejoren als Pflichtversécherungszäiten unerkennt, ginn dës Jore fir eng Persoun aus Däitschland och zu Lëtzebuerg als solch unerkannt – an dat ganz onofhängeg dovun, dass zu Lëtzebuerg d’Studiejoren eigentlech just als Ergänzungszäite betruecht ginn. Well d’Ergänzungszäiten an d’Pflichtversécherungszäiten anescht an d’Berechnung vum Rentenantrëttsalter afléissen, kann et dofir elo sinn, dass hei zu Lëtzebuerg déi eng Mataarbechter·innen éischter wéi déi aner a Pensioun goe kënnen, je nodeem wéi eng Nationalitéit si hunn a wou si studéiert hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. War dem Minister 2022 bewosst, dass mam Formular P5000 Ongläichheeten beim Rentenantrëttsalter entstoe géifen?

  2. Ass de Minister der Meenung, dass d’Ongläichheeten, déi déi aktuell Reegelung mat sech bréngt, konform sinn mat der nationaler an europäescher Gesetzgebung bezüglech der Net-Diskriminéierung opgrond vun der Nationalitéit?

  3. Ass eng Harmoniséierung vun de Reegele fir d’Berechnung vum Rentenantrëttsalter mat den Nopeschlänner geplangt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7601

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll