FRO.LU: Decisioune vum Service Médico

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Eng medezinesch Kontroll an engem Centre médico-spotif ass eng noutwenneg Viraussetzung fir zu Lëtzebuerg eng Lizenz fir de kompetitive Sport ze kréien. De Sportsdokter hëlt d’Decisioun, op een als Sportler dierf kompetitiv Sport maachen oder net. Decisioune vum Sportdokter kënnen ee schützen, si kënnen awer och am Contraire zu dem stoen, wat aner Spezialiste festgestallt hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wei vill Prozent vun de Leit, déi an de leschte 5 Joer fir eng Lizenzerneierung bei de Sportsdokter gaange sinn, goufen zäitweileg inapte oder komplett inapte erkläert? 

  2. Wat sinn déi 3 heefegste Grënn fir dës Decisioun vum Sportsdokter?

  3. No enger Visitt bei engem Generalist oder Spezialist, wéi an sou engem Fall vum Médico virgeschriwwen, bei wéi ville Leit, déi inapte erkläert goufen, confirméiert den 2ten Dokter d’Analys vum Médico (a Prozent)? 

  4. Wat sinn déi 3 heefegste Grënn fir 2 ënnerschiddlech Analyse vum Médico an dem 2ten Dokter?

Fro n°7598

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7598

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene