Suivi vun den Dossiere vu Kanner an engem Placement – Nofro

An hirer Äntwert op meng Question parlementaire n°7357 huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen zwee Jugendgeriichter an enger Institutioun placéiert waren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun dëse Kanner sinn an Institutiounen am Ausland placéiert an ëm wéi eng Länner handelt et sech dobäi?

  2. A wéi enge Fäll, respektiv aus wat fir enge Grënn, gi Kanner a Jugendlecher an Insitutiounen am Ausland placéiert?

  3. Firwat ginn dës Kanner a Jugendlecher an Institutiounen am Ausland placéiert an net hei zu Lëtzebuerg en charge geholl?

  4. Wat geschitt mat der Garde, am Fall wou e Kand an enger Insitutioun am Ausland placéiert gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7538

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene