FRO.LU: Staatlech Ënnerstëtzung vum Sport fir Leit mat Handicap

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Aktivitéitsrapport vum Sportsministère vun 2021 ass ze liesen, a wéi engem Montant de Staat déi verschidde Sportorganisatiounen a -Federatiounen 2021 ënnerstëtzt huet. Hei komme verschidden Organisatioune besser ewech ewéi anerer. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir finanziell Hëllefen si fir Sportsevenementer 2023, déi fir Sportler a Sportlerinne mat Aschränkungen am In- an Ausland organiséiert ginn, virgesinn? Wat ass zum Beispill un Hëllefen (finanziell oder anerer) fir d'”Special Olympics World Games” zu Berlin virgesinn?

  2. D’ALPAPS huet 653 Sportler a Sportlerinne mat Lizenzen, ass awer nëmme mat ronn 19’000€ Budget ënnerstëtzt ginn. Aner Organisatioune wéi de Rugby mat 689 Lizenzen, konnte vu ronn 94’700€ profitéieren. Duerch wat kommen esou grouss Ënnerscheeder?

  3. Ass de Minister der Meenung, dass sportlech Organisatiounen, déi Offere fir Leit mat Aschränkungen ubidde, staark genuch ënnerstëtzt ginn?

  4. Hänken d’Hëllefen, déi dës Organisatiounen ubidden, vun de sportleche Resultater vun de Sportler a Sportlerinnen of? Wa jo, denkt de Minister net, dass et dat falscht Signal ass, fir hei d’Leeschtunge fir méi wichteg unzegesi wéi de soziale Benefice, deen dës Federatioune bréngen?

Fro n°7526

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7526

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene