Vaccinen déi zerstéiert gi sinn är se geliwwert konnte ginn

An der Äntwert op d’Fro Nummer 7434 huet d’Gesondheetsministesch erkläert, dass säit Ufank vun der Impfcampagne 155’660 Impfdosissen zerstéiert gi sinn, well de Verfallsdatum iwwerschratt war. Si seet och, dass 129’600 Impfdosisse vun Astra Zeneca, déi fir Lëtzebuerg geduecht waren, direkt beim Fournisseur zerstéiert gi wieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch erkläre firwat dës Dosissen zerstéiert gi sinn?

  2. Wéi ka Lëtzebuerg sech sécher sinn, dass dës Vaccinen iwwerhaapt fir eist Land waren? 

  3. Huet Lëtzebuerg dës net geliwwert Vaccine misste bezuelen a wa jo, wéi vill hunn dës kascht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7527

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë