Pressecommuniqué vun de Stater Piraten: Skandaléis Zoustänn an der Gemeng Lëtzebuerg

Aus engem kierzleche bei Reporter.lu publizéierten Artikel ass gewuer ze ginn, datt an der Gemeng Lëtzebuerg zënter méi wéi 2 Joer, 4 vu 7 bezugsfaerdegen Haiser eidel stinn, well d’administrativ Mille vun der Gemeng ze lues dréien.

De Pascal Clement (Co-Spëtzekandidat vun de Piraten) seet:

« An Zäite vun akutem Wunnengsmangel kann een dësen Zoustand just als skandaléis an onentschëllegbar bezeechnen. Hei gëtt de Geck mat de Léit gemaach déi zënter Méint op eng Wunneng waarden. »

« Wann d’Auswalprozedure sech wierklech iwwer Méint dohin zéien, wär et dann net méiglech d’Wunnenge wärend där Zäit der Agence Immobilière Sociale ze iwerloossen? » freet sech d’Marie-Marthe Muller. (Co-Spëtzekandidatin vun de Piraten)

Fir dësem a weidere Mëssstänn entgéint ze wierken, fuerderen d’Stater Piraten, wéi och schon 2017 an hirem Walprogramm:

Grënnung vun enger stättescher Wunnengsbaugesellschaft

D‘Stad Lëtzebuerg soll méi Verantwortung fir Wunnengsbau an der Stad
iwwerhuelen an dëst iwwert eng stättesch Gesellschaft déi sech ëm de Bau,
den Entretien an d‘Verloune vu stättesche Wunnenge këmmert. Dës Wunnenge
sollen ëmmer e Mix aus dräi Präiskategorien duerstellen, fir eng Gettoiséierung
ze verhënneren. Als Beispill wéi esou Wunnengsbaugesellschafte fonctionéieren, kucke mir ënnert anerem op Wien wou dëse Modell zanter Joerzéngten e Succès
ass.
D’Investéieren an de Wunnengsbau vun engem Deel vun de
stättesche Finanzreserven
Eis Stad huet grouss Finanzreserven. Dës wëlle mir an Tranchen, fir de Wunnengsbau mobiliséieren. Grad an Zäite wou et der ëffentlecher Hand finanziell gutt geet,
sollt d‘Stad och verstäerkt an d‘Zukunft investéieren.
Virun allem, well dës Suen, wann ee se an verlounbar Wunnengen investéiert
iwwert d‘Joren net verluer, mee gutt ugeluecht sinn. Souwuel sozial, wéi och finanziell gesinn.
Bebaue vun de kommunale Baulandreserve mat lokative Sozialwunnengen
Do wou eis Stad nach eege Baulandreserven huet, sollte mir dem lokative Sozialwunnengsbau de Virrang ginn. Esou kënnen dës Reserve valoriséiert ginn an eis Stad géif mat guddem Beispill virgoen.

MATENEE FIR ENG STAD FIR JIDDEREEN Kontakt : stad@piraten.lu / tél: 20 33 37 90

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser