Borgeld

Bei der physescher Ulafstell vu guichet.lu kënne Biergerinnen a Bierger verschidden Demarchen a Presenz erleedegen, zum Beispill fir eng Carte d’Identité oder de Führerschäin ze wiesselen oder sos eng Informatioun am Bäisinn vun enger Kontaktpersoun z’erhalen. Am Fall, wou een d’Carte d’Identité wiesselt, soll et net méiglech sinn, fir dës Démarche mat Boergeld ze bezuelen. Enger Etüd vum Luxembourg’s Fintech Innovation Hub aus dem November 2021 no ass d’Bezuele mat Boergeld nach ëmmer déi drëttbeléiftste Bezuelmethod zu Lëtzebuerg.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Stëmmt et, dass een net mat Boergeld um Guichet an der Stad bezuele kann.
    Falls jo, firwat gëtt dës Bezuelmethod net ugebueden a wéi kënnt een de Persounen entgéint, déi keng Bankkaart hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7470

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene