D’Ekippen beim 112 – Réckfro

A menger parlamentarescher Fro Nummer 4938 vu September 2021 hat ech d’Madamm Ministesch op verschidde potentiell Dysfonctionementer um 112 higewisen. Laut der Äntwert op d’Fro 6982, Froen 1 an 2, huet d’Madamm Ministesch nëmmen d’Informatioun vun 2 Agente beim CGDIS, déi den 112 verlooss hunn, an eng Persoun, déi geplangt huet de Service ze verloossen. Dëst ass mengen Informatiounen no net richteg. Et wiere mindestens 5 Persounen, déi de Service 2022 verlooss hätten an eng Persoun, déi den Départ annoncéiert hätt.

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°7189 huet d’Ministesch gesot:
“”Wann den Deputéierte schreift, datt et sengen Informatiounen no “mindestens 5 Persounen, déi de Service 2022 verlooss hätten”, wieren, da muss ech den Deputéierten driwwer informéieren, datt seng Informatiounen net richteg sinn. Et ass also den Deputéierten, net d’Inneministesch, dee falsch informéiert ass.””

An der Äntwert op d’parlamentarsch Fro n°7238 zum selweschten Thema sot d’Madamm Ministesch:
“”[…] datt ech als Inneministesch net zoustänneg fir déi intern Personalgestioun vum CGDIS sinn. Dofir kann ech net op Froe ronderëm d’Personalgestioun vum CGDIS äntwerten.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wees d’Madamm Ministesch wéi vill Leit den 112 d’lescht Joer verlooss hunn oder net?

  2. Wéi erkläert sech d’Madamm Ministesch hier ënnerschiddlech Äntwerten op déi selwescht Fro?

  3. Wat ass déi korrekt Äntwert op d’Fro wéi vill Persounen den 112 2022 verlooss hunn an aus wat fir enge Grënn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7459

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene