FRO.LU: Date vun der CFL

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An der parlamentarescher Fro n°7127 hunn ech mech iwwert d’Verspéidunge bei den Zich vum CLF informéiert. De Mobilitéitsminister huet mir heirop eng ganz Réi Informatioune geliwwert. Et wier awer och intressant aner Statistike vum CFL ze kennen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et méiglech datt de CFL seng Date vun den Zich (fir all Faart, Arrivée, Départ, pro Gare, pro Zuch) als oppen Datebank (z.B.: data.public.lu) zur Verfügung stellt a permanent aktualiséiert? 

  2. Wier dëst och fir d’Busréseauxe RGTR an TICE méiglech?

Fro n°7417

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7417

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene