Statistiken zu Persoune mat Handicap

Et gouf an der Vergaangenheet ëmmer nees dovu geschwat, fir Statistiken zu Persoune mat Handicap ze maachen. Am éischten Plan d’action de mise en oeuvre de la Convention des Nations Unies relative aux droits des personnes handicapées 2012-2017 gëtt schonn op d’Wichtegkeet vu komplette Statistiken zu Persoune mat Handicap higewisen. Am Bilan vun dësem éischte Plang ass ze liesen, dass dës Statistiken awer bis dohin nach net zustane komm waren. Am zweete Plan d’action fir d’Joren 2019-2024 ass dann allerdéngs just am Beräich vun der Aarbecht vun der Erhiewung vun Date riets. Am Rapport d’activité 2020 vum Familljeministère steet dann ze liesen, dass zesumme mam LISER eng grouss Enquête iwwert Situatioun vu Persoune mat Handicap soll duerchgefouert ginn. Am Rapport fir d’Joer 2021 vum selwechte Ministère steet dann, dass souwuel d’Questionnaire wéi och Prozedur vun der Enquête etabléiert gi wieren an d’Enquête am Laf vum Joer 2022 soll duerchgefouert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Konnt d’Enquête schonn (Stand 1ten Dezember) ofgeschloss ginn?
    • Wa jo, wéini wäerten d’Resultater dovu virleien?
    • Wa nee, wéini soll dës Enquête ofgeschloss ginn a wéini ass mat de Resultater ze rechnen?

  2. Wäerten d’Resultater vun dëser Enquête och den am Beräich vum Handicap aktiven Associatiounen an Asblen zur Verfügung gestallt ginn? Wa nee, firwat net?

  3. Wäerten d’Resultater vun dëser Enquête och dem breede Public zougänglech gemaach ginn? Wa nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7358

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene