Situatioun an der Kannerklinik

Lëtzebuerg leit ënnert eng Epidemie vu Bronchiolite-Fäll. D’Better an der Kannerklinik si mengen Informatiounen no momentan alleguer beluecht an d’Kapazitéite an der Pediatrie si méi ewéi ausgelaascht. Gëschter krutten Elteren vun engem Kand am CHL matgedeelt, datt hirt Kand elo dat lescht Bett (am HRS) géif kréien an dofir mat der Ambulanz verluecht géif ginn. Ech war op dës Situatioun schonn an der Fro vum 22ten November (n°7214) agaangen. Den Chamberspresident huet d’Urgence vun der Fro net unerkannt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch konfirméieren, dass d’Kapazitéite vun de Pediatriebetter am Land ganz ausgelaascht sinn?

  2. Wat gëtt gemaach fir datt keen Kand ofgewisse muss ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7378

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë