Nëmmen nach Zëmmeren mat Toiletten an Alters- a Fleegeheemer

Context:

Projet de loi 8087

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • datt et eng Fro vun Dignitéit fir déi Betraffen ass eng eegen Toilette am Zëmmer ze hunn;
  • datt laut Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°4733, et Stand Juli 2021 271 Logementer a 7 verschiddenen Alters- a Fleegeheemer gëtt, déi keng eegen Toilette hunn;
  • datt sech dës Zëmmeren ënnert anerem am Foyer St. Elisabeth, am CIPA “Am Park”, am CIPA “Um Lauterbann” an am CIPA “Roude Fiels” befannen;
  • datt d’Covid-19 Pandemie op erschreckend Aart a Weis gewisen huet, wéi eng Konsequenze gemeinsam Sanitäranlagen an engem Alters- oder Fleegeheem kënnen hunn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. all Alters- a Fleegeheem ze verflichten, Zëmmeren déi bis elo ouni Toiletten offréiert ginn, bis spéitstens den 8.12.2024 ëm eng Toilette z’erweideren.

Eis Motioun gouf mat 4 Jo Stëmmen (Piraten+ Déi Lénk), 4 Enthaalungen (Adr) an 52 Nee Stëmmen (CSV, DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent).

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene