Unzuel vun Dossieren beim Tribunal de la jeunesse et des tutelles

Eng vun den Haaptaufgabe vum Tribunal de la jeunesse et des tutelles ass dofir ze suergen, dass d’Gesetzer zum Jugendschutz applizéiert ginn a vu juristescher Säit fir déi néideg Protektioun ze suergen a Fäll wou Kanner oder Jugendlecher a Gefor sinn a mussen aus hirem Doheem geholl an an engem Foyer oder eng Fleegefamill placéiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Joer, wéi huet sech d’Unzuel vun de Fäll an Dossieren, ëm déi sech den Tribunal de la jeunesse et des tutelles këmmert, zënter 2010 verännert?

  2. Wéi vill Persoune sinn zënter 2010 bei den Effektiv vum Tribunal dobäi komm?

  3. Wéi laang Zäit hunn d’Mataarbechterinnen a Mataarbechter an der Moyenne fir den Traitement vun engem Dossier?

  4. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung dass d’Aarbecht vum Tribunal esou ka mat der néideger Sorgfalt gemaach ginn? Wa nee, wat fir Ännerunge gesäit si konkret vir?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7267

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene