A menger parlamentarescher Fro Nummer 4938 vu September 2021 hat ech d’Madamm Ministesch op verschidde potentiell Dysfonctionementer um 112 higewisen. Laut der Äntwert op d’Fro 6982, Froen 1 an 2, huet d’Madamm Ministesch nëmmen d’Informatioun vun 2 Agente beim CGDIS, déi den 112 verlooss hunn, an eng Persoun, déi geplangt huet de Service ze verloossen. Dëst ass mengen Informatiounen no net richteg. Et wiere mindestens 5 Persounen, déi de Service 2022 verlooss hätten an eng Persoun, déi den Départ annoncéiert hätt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Agenten hunn tatsächlech säit Ufanks dës Joers den 112 verlooss?
-
War d’Madamm hei falsch informéiert?
-
Wien huet der Madamm Ministesch dës Informatioune ginn?
-
Wéi eng Beméihunge wäert d’Madamm Ministesch ënnerhuelen, dass d’Chamber an Zukunft richteg Äntwerten aus hirem Ministère kritt?
QP Nummer 7189