Insolvenz vun FTX

Iwwert de Weekend gouf bekannt, dass d’Kryptobörse FTX Insolvenz ugemellt huet. D’Verméige vu FTX ass agefruer an Ermëttler ginn elo de Grënn vun der Insolvenz an dem méigleche Verschwanne vun Honnerte Millioune vu Kryptowärungen no.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet FTX Verbindungen zu Lëtzebuerg?  • Wa jo, wéi eng?  • Wa jo, wäert Lëtzebuerg hei mat den Autoritéiten op de Bahamas zesumme schaffen?

  2. Huet d’Ministesch Kenntnis, dass d’Verméige vu Lëtzebuerger Residente vun dëser Insolvenz betraff sinn? 

  3. Si scho Plainten agaangen am Zesummenhang mat FTX?

  4. Wou sollen sech betraffe Residente melle wa si mengen, dass hir Wallets onrechtméisseg geläscht goufen oder verschwonnen sinn?

 

D’Urgence vun dëser Fro gouf net unerkannt.

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7171

Zesummenhang posts

Den ale Plan national de lutte contre le tabac ass ausgelaf a sollt, no den engagéierte Verspriechen, evaluéiert ginn ier en neie Plang ausgeschafft
Laut Zuele vum Parquet goufen 2024 iwwer 1.100 Persoune bei der Police als vermësst gemellt – eng Verdueblung am Verglach zu 2020, wou et