Kongress Bezierk Osten 1.12.2022

Ahoi  !

d’Piratepartei invitéiert dech häerzlech op de Kongress vum Bezierk Osten, deen den Donneschden, den 1ten Dezember 2022, ab 18h30 am Hôtel-Restaurant de l’Ecluse wäert stattfannen. D’Adress ass 29 Waistrooss, 5450 Stadbriedemes.

De viraussiichtleche Programm vum Kongress gesäit esou aus:

  • Aschreiwung 
  • Begréissung an Erëffnung duerch de Marc Goergen, Deputéierten a Koordinator
  • Wal vun der Kongressleedung
  • Wal vum Bezierkscomité fir déi nächst 2 Joer (Kandidatur via ahoi@piraten.lu oder per Post)  
    • 1 Koordinator 
    • 1 Tresorier 
    • 7 Comitésmemberen (dovunner kënnen 2 Spriecher ginn)
  • Wal vun 2 Keessepréifer 
  • Divers
  • Ofschloss

Kandidature fir déi verschidde Poste kanns du bis den Dag virum Kongress op ahoi@piraten.lu oder per Bréif un d’Piratepartei (1a Rue de Luxembourg L-8184 Kopstal) areechen. 

Mir erënneren drun, dass du op mannst 3 Méint muss Member sinn, fir um Kongress kënnen ofzestëmmen an ze kandidéieren. Falls dat net de Fall ass, bass du awer gären invitéiert fir laanscht kucken ze kommen a mat eis ze schwätzen.

Denk och drun, dass du däi Membersbäitrag vun 10€ fir d’Joer 2022 bezuelt musst hunn, fir um Kongress kënnen ofzestëmmen an ze kandidéieren. De Betrag kanns du op de folgende Konto iwwerweisen:

“Piratepartei Lëtzebuerg asbl
LU67 0019 3255 6480 6000 (BCEELULL)
Kommunikatioun: “Membersbäitrag + däin Numm + deng Gemeng”

 Du kanns de Betrag och ganz einfach mat der Kreditkaart um folgende Link bezuelen: cotisation.pp.lu

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene