Pünktlechkeet bei der CFL

Ëmmer nees héiert ee Kloen doriwwer, dass vill Zich bei der CFL onpünktlech solle sinn oder Zich carrement ganz ausfalen. Och Feeler innerhalb vun der Mobilitéitsapp goufen eis zougedroen, zum Beispill, dass en Zuch géif ausfale fir dann awer ze fueren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Mount fir d’Joer 2022, no den eenzelen Zuch – oder Buslinnen an no der Dauer vun de Retarden, wéi dacks koum en Zuch oder Bus mindestens 3 Minutt ze spéit?

  2. Wat war de maximale Retard, deen en Zuch oder Bus an dësem Joer hat an op wat fir enger Zuch- a Buslinn war dat?

  3. Wéi dacks, opgelëscht pro Zuch- a Buslinn a pro Mount, sinn Trajete komplett ausgefall an aus wat fir enge Grënn?

  4. Wéi dacks koum et zu Feeler bei der App, dass zum Beispill falsch Informatiounen affichéiert goufen?

  5. Wat ass generell de Prozentsaz vun den verspéiten Zich a Busser vum CFL pro Mount 2022?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7127

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen