Eng Summeraktioun fir Sans-abrisen

Context:Heure d’actualité: Canicule de l’été 2022

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • De Klimawandel huet och Lëtzebuerg längst erreecht ;
  • Meteolux huet dëse Summer vun enger “Rekordsonnenscheindauer” souwéi vun enger vun den héchsten Duerchschnëttstemperaturen geschwat ;
  • De Summer 2022 war de sonnegsten zënter 1947 an och den Zweetwäermsten ;
  • Dës Wiederextremer treffe virun allem déi Schwächst an eiser Gesellschaft. A grad déi gëllt et an dësen Zäite virun den Auswierkunge vum Klimawandel ze schützen ;
  • Virun allem d’Mënschen, déi op der Strooss liewen, si wärend den héijen Dagestemperaturen enger grousser Gefor ausgesat. Si hunn dobaussen net vill Méiglechkeeten sech virun der Hëtzt ze schützen an sech genuch ofzekillen an ze hydratéieren ;
  • Et gi laut dem Familljeministère zwar schonn eng ganz Rei Mesuren, déi a solche Fäll geholl ginn, mee dës si punktuell an mat groussen zousätzlechen Belaaschtungen fir d’Leit um Terrain verbonnen ;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’Wanteraktioun duerch eng “Summeraktioun” ze ergänzen. Et soll am Summer eng Struktur fir Sans-abrisen opgemaach ginn, wou si Schied fannen, fir sech virun der Sonn an der Hëtzt ze schützen.

Dës Motioun ass bis Dezember en suspens, well een sech do dann mat den Acteuren um Terrain ënnerhale wëll.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene