Accès zu Toiletten an Drénkwaasser fir Sans-Abris

Context:Heure d’actualité Canicule de l’été 2022

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • datt d’Stad Lëtzebuerg an aner Gemengen de Leit mat gratis Trinkbrunnen een onbeschränktenen Accès op Drénkwaasser ginn an dat virun allem an deene waarmen Méint vum Joer ;
  • datt et a verschiddene Gemengen ëffentlech Toilette ginn, déi fir jidderee fräi zougänglech sinn ;
  • datt et op ville Plazen am Land nach un engem gratis Accès zu Drénkwaasser an ëffentlechen Toilette feelt.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. All Persoun, déi op der Strooss lieft, et z’erméiglechen an ëffentlech zougänglechen, staatleche Gebaier op d’Toilette kënnen ze goen oder do ee Glas Waasser ze kréien.
Dës Motioun gouf mat 4 Jo Stëmmen (Piraten+ déi Lénk) an 56 Nee Stëmmen (CSV, LSAP, DP, Gréng, Adr) ofgeleent. 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene