Uweisungen fir d’Police am Fall vun engem Blackout

Pannen oder soss Problemer am Stroumreseau kommen zu Lëtzebuerg seele fir. Am Fall vun engem sougenannten “Blackout” gëtt séier drun geschafft, fir d’Netz erëm un d’Lafen ze kréien. Gläichzäiteg muss awer och fir d’Sécherheet vun de Biergerinnen a Bierger wärend engem Blackout gesuergt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Si Pläng opgestallt ginn, wéi d’Police soll reagéieren am Fall vun engem nationalen Blackout?

  2. Si Pläng opgestallt ginn, wéi d’Police soll reagéieren am Fall vun engem lokalen Blackout?

  3. Wat sinn an dësem Fall d’Prioritéite fir d’Police?

  4. Wéi eng Acteuren waren beim Ausschaffen vun dëse Pläng mat involvéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6802

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen