De Fligerticket um Flughafe bezuelen aplaz bei der Buchung: firwat eigentlech net?

An eisem Nopeschland Däitschland lafe wéinst dem Chaos op ville Fluchhäfen aktuell Diskussiounen doriwwer, fir d’Vorkassen-Prinzip bei Fluchbuchungen z’iwwerdenken. Aktuell ass d’Reegel, dass een säin Ticket am Viraus bezilt, wat engem zinslose Kredit un d’Airline gläichkënnt, esou déi däitsch Verbraucherzentrale an engem Artikel am Handelsblatt vum 24ten August.

Deementgéint proposéiert d’Verbraucherzentrale, dass een d’Ticketen och sollt kënnen direkt beim Check-in bezuelen. Dat géif nämlech verhënneren, dass vill Leit mussen hire Remboursementen hannendru lafen, wann ee Fluch mol stornéiert gëtt. Oder, wéi d’Verbraucherzentrale et schreift:

“Passagiere sind es leid, den Airlines zinslose Kredite zu geben, bei abgesagten Flügen auf den Kosten sitzen zu bleiben oder im schlimmsten Fall das Risiko einer Insolvenz tragen zu müssen.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de System, esou wéi d’Verbraucherzentrale et virschléit, zu Lëtzebuerg ëmsetzbar?

  2. Wéi steet d’Regierung zu der Iddi, dass ee Passagéier d’Recht kritt, fir säi Fluchticket net mussen am Viraus ze bezuelen, mee beim Check-in?

  3. Wäert de Minister sech national dofir asetzen, fir d’Bezuelen um Counter, sou wéi vun der Verbraucherzentrale proposéiert, méiglech ze maachen?

  4. Wäert de Minister sech um europäesche Plang dofir asetzen, d’Bezuelen um Counter méiglech ze maachen? Falls jo, wäert hien dës Iddi mat an de nächsten EU-Ministerrot huelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6705

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen