FRO.LU: Monkeypox Vaccin

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

De 25te Juli huet de Conseil des maladies infectueuses eng iwwerschafte Recommandatioun zum Asaz vum Monkeypox Vaccin verëffentlecht. Lëtzebuerg krut 1400 Dose fir d’Krankheet ze bekämpfen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Regierung dëser Recommandatiounen an alle Punkten nokommen?  Wann nee, wéi eng Recommandatioune wieren hei betraff a firwat?

  2. Huet Lëtzebuerg genuch Vaccinen, fir dës Recommandatiounen an der Praxis all ëmzesetzen? Wann nee, wéi vill Vaccinë brauch Lëtzebuerg, fir all deenen am Avis vum Conseil des maladies infectueuses genannte Persounegruppen eng Impfung z’offréieren?

  3. No wat fir enge Krittäre gouf decidéiert, wéi vill wéi een EU-Land u Vaccin kritt? Wéi gouf d’Fro nom Besoin hei definéiert?

Fro n°6661

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6661

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene