Atomkraaftwierker bei dréchenem Wieder: wéi ass d’Situatioun zu Cattenom?

Déi franséisch Regierung huet viru Kuerzem eng Sondererlabnis fir 5 Atomkraaftwierker ginn, déi et de Kraaftwierker erlaabt, méi waarmt Killwaasser zeréck an d’Flëss ze leeden. Dës Sondererlabnis gëllt bis den 11te September. D’Atomkraaftwierk zu Cattenom ass zwar dovunner net betraff, mee och hei besteet een eescht ze huelende Risiko, dass mat der undauernder Dréchent et geschwënn dozou komme kann.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’lëtzebuergesch Regierungen Informatiounen iwwert den Impakt vun der aktueller Dréchent op d’Situatioun vum Atomkraaftwierk zu Cattenom? 

  2. Besteet d’Méiglechkeet, dass och Cattenom méi waarm Ofwaasser an d’Musel kéint pompelen?

  3. Wéi eng international Reegelen (Traitéen,Accorden) gëllen, am Fall wou d’franséisch Regierung méi waarmt Waasser wéilt an d’Musel leeden?  Kann d’franséisch Regierung dat einfach esou decidéieren, am Fall wou de Floss duerch een anert Land geet? Wéi kéint Lëtzebuerg sech géint esou eng Decisioun wieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6643

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene