Werbung an eegener Saach?

Den Ëmweltministère, ënnert der grénger Ministesch Dieschbourg, huet dëse Mount eng Sensibiliséierungscampagne zum Thema Plastik gestart. Komesch, dass dës Campagne grad elo virun der Europawahlcampagne lancéiert gëtt an Déi Gréng dës op Social Media kräfteg werben. Mer wëlle vun der Madamm Ministesch wëssen, ob dat puren Zoufall ass oder ob hei de Budget vum Ministère indirekt benotzt gëtt, fir Werbung an eegener Saach ze maachen.

Eent vun den Haaptthemen an der Ëmweltpolitik betrefft déi zukünfteg Handhabung vum Plastik ass. Ee Groussdeel vun der Gesellschaft huet mëttlerweil begraff, dass de Plastik net als nohalteg Ressource daagt an dass d’Politik, fir d’Ëmwelt ze schützen, d’Produktioun, d’Verwennung an d’Entsuergung vu Plastik besser reguléiere muss. Den Ëmweltministère huet dofir am Abrëll eng Sensibiliséierungscampagne zum Thema Plastiksoffall erstallt, fir op d’Konsequenze vum Plastikoffall vum Ewechgeheie vum Plastik opmierksam ze maachen. Den Zäitpunkt vun dëser Campagne ass zoufällegerweis kuerz virum Ufank vun der Campagne zu den Europawahlen 2019 a gëtt vun der Partei vun der Madamm Ministesch aktiv promouvéiert. Et wär, nieft der Sensibiliséierungscampagne, awer interessant ze wëssen, wat fir eng Mesuren zum Thema Plastik d’Madamm Ministesch no 6 Joer am Amt effektiv ëmgesat huet.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:
1. Madamm Ministesch, opgeschlësselt op d’Joren 2013 bis 2019, wéi vill Tonne Plastiksoffall (Bioplastik ausgeholl) sinn insgesamt zu Lëtzebuerg entstanen? Ass de Konsum vum Plastik erop gaangen oder huet en sech reduzéiert? Falls d’Madamm Ministesch dës Zuelen net huet, wär et net opportun dës Donnéeën ze sammelen?
2. An enger Synopsis an opgelëscht säit 2013, wéi eng konkret Mesuren huet d’Regierung ënnerholl fir de Konsum vu Plastik ze reduzéieren? Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass dës Mesuren effektiv waren? Falls jo, besëtzt d’Madamm Ministesch Zuele fir d’Effektivitéit kennen ze beleeën?
3. Ass d’Wahl vum Zäitpunkt a vun der Thematik vun dëser Sensibiliséierungscampagne op ee wahlkampftaktescht Manöver tëscht der Ëmweltministesch an hirer Partei zeréckzeféieren?
4. Gesäit d’Madamm Ministesch et deemno als Zoufall, dass d’Sensibiliséierungscampagne, déi vum Ëmweltministère bezuelt gouf, kuerz virum Ufank vun der Europawahlcampagne 2019 vun hirer eegener Partei am Kader vun engem wichtege Wahlkampfthema benotzt gëtt?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene