Mobbing am ëffentlechen Déngscht

Op der Website vun der ITM gëtt Mobbing esou definéiert:

“Mobbing bezeichnet eine konfliktbehaftete Beziehung am Arbeitsplatz, sowohl zwischen Kollegen, als auch zwischen Vorgesetzten und Untergeordneten. Die Zielperson, das Opfer, wird über einen längeren Zeitraum wiederholt und systematisch angegriffen, mit dem Ziel, sie auszugrenzen (H. Leymann, schwedischer Psychologe). Jemanden daran hindern sich auszudrücken, ihn ausgrenzen, ihn an seinem Arbeitsplatz in Verruf oder Misskredit bringen oder seine Gesundheit gefährden – all das sind Verhaltensweisen, die auf Mobbing schließen lassen.”

Ma Mobbing taucht net nëmmen am Privatsektor op, mee kann iwwerall geschéien, wou Mënsche verschiddenster Natur zesummekommen. Dofir existéiert och beim Staat de Service Psychosocial (SPS) als Ulafstell, fir de Staatsbeamten an esou Situatioune ze hëllefen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen hunn de SPS an de leschte 5 Joer wéinst Mobbing op der Aarbechtsplaz consultéiert?

  2. Wéi oft huet den SPS an de leschte 5 Joer eng Mediatioun tëscht Konfliktparteien duerchgefouert? 

  3. Kënnen och Beamte vun Etablissement publics sech un den SPS wenden a kann de Service onofhängeg vum Statut (Salarié, Employé d’Etat, Fonctionnaire) vun de Betraffene genotzt ginn?

  4. Wéi eng weider Weeër stinn de Betraffenen op, am Fall wou d’Consultatioun an d’Mediatioun beim SPS keng Resultater bréngen?

  5. Wéi vill Plainten an der Fonction publique am Zesummenhang mat Mobbing goufen dem Minister oder anere Regierungsmemberen an de leschte 5 Joer weidergeleet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6659

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene