Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Keng Plaz an der Maison Relais: an elo?

«Wir werden nicht alle in den Maisons Relais aufnehmen können», esou titelt L’essentiel een Artikel vum 2te Juli. D’Regierung huet jo decidéiert, dass dës Zort Betreiungsstrukturen an Zukunft solle gratis ginn. Dës Decisioun wäert mam Gesetzesprojet 7986, deen den 12te Juli an der Chamber gestëmmt gouf, realiséiert ginn. Allerdéngs, an esou gouf et an der Chamberssitzung gesot, kënnen net all Familljen Usproch vun dësem gratis Service huelen, well et, jee no Gemeng, an de Maisons Relais’en keng Platze méi gëtt. A verschiddene Gemenge si 500 Kanner op de Waardelëschte fir ugeholl kënnen ze ginn. Dës Situatioun blockéiert d’Elterendeeler, déi fir d’Betreiung vun hire Kanner selwer opkomme mussen. Gläichzäiteg ass d’Gläichheet vun de Chancë fir d’Kanner am aktuelle Kontext net garantéiert, well de Prinzip gëllt: wer zuerst kommt, malt zuerst. Schliisslech huet d’ëffentlech Petitioun n°2061 net fir näischt als Titel gehat: “Ënnerstëtzung fir d’Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. De Minister hat op d’Fro n°6162 geäntwert, dass de Staat keen Abléck op d’Waardelëschte vun de Maisons Relais hätt, well des vun den eenzele Gestionnairë gefouert ginn. Gläichzäiteg finanzéiert de Staat dës Strukturen awer all Joer mat Milliounebeträg. Wéi wëll d’Regierung den Impakt vun hirer Politik verstoen, wann se mol net d’Demande fir dës politesch Moossnam identifizéiere kann? Am Fall, wou een an der Tëschenzäit awer Donnéeën zu der Waardelëschte sollt hunn: Wéi grouss sinn aktuell d’Waardelëschten, opgelëscht no Gemeng a wéi vill Maisons Relais’en feelen aktuell, opgelëscht no Gemeng?

  2. Gedenkt d’Regierung iergendeppes um nationale Plang z’ënnerhuelen, fir dass d’Kanner am ganze Land Usproch op eng Plaz an der Maison Relais kënnen hunn onofhängeg dovunner, a wéi enger Gemeng se wunnen?

  3. Wéi fënnt d’Regierung d’Iddi, dass Elteren, déi ee schrëftleche Refus krute fir eng Plaz an enger Maison Relais, op mannst d’Suen vum d’Mëttegiessen, dat jo hei gratis ass, vum Staat oder der Gemeng ausbezuelt géife kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6477

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll