Liwwerunge vun ArcelorMittal a Russland

rtl.lu bericht an engem Artikel vum 6te Juli, dass ArcelorMittal Stolprodukter a Russland liwwert. Zitat:  “Dës Produkter kommen aus dem betribseegene Wierk am Kasachstan, an deem 35.000 Leit beschäftegt sinn. Et geet an der Haaptsaach ëm Stol fir de Bausecteur.””  rtl.lu schreift weiderhin, dass d’EU-Sanktioune géint Russland net ëmgaange géinge ginn, well ArcelorMittal vu Kasachstan aus operéiert. De Lëtzebuerger Staat huet Participatioune bei ArcelorMittal S.A. an huet deemno een Informatiounsrecht als Aktionär. An der Chamberssitzung vun haut huet de Wirtschaftsminister, op eng Fro vun eiser Sensibilitéit hin, net konnten äntweren, ob dës tatsächlech de Fall ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister mëttlerweil Kenntnis vun den Aktivitéite vun ArcelorMittal?

  2. Ass de Minister der Meenung, dass ArcelorMittal d’EU-Sanktiounen ëmgeet?

  3. Fënnt de Minister et moralesch vertrietbar, dass ArcelorMittal iwwer Kasachstan den Handel mat Russland weider oprecht erhält?

  4. Wäert d’Regierung als Aktionär am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal d’Thema uschwätzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6462

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene