Déidlech Aarbechtsaccidenter

Den 10ten Juni koum et zu engem trageschen Aarbechtsaccident, bei deem ee Mann vun 55 Joer säin Liewen huet misste loossen. Aarbechtsaccidenter mat déidleche Folgen sinn zu Lëtzebuerg opgrund vun eiser Gréisst seelen, mee leider eng Realitéit. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. 2019 waren eng 29 Inspecteurs du travail bei der ITM agestallt. 2021 ass bis op 96 Inspekteren eropgeschrauft ginn. Denkt de Minister dass et weider Inspekteuren braucht oder sollt éischter gekukt ginn, fir d’Aarbecht vun den Inspekteuren weider un den Terrain unzepassen, fir hier Aarbechtszäit esou effektiv ewéi méiglech ze notzen?

  2. Wat fir weider Schrëtt sinn an den Aen vum Minister nach méiglech, fir d’Unzuel un déidlechen Aarbechtsaccidenter weider Richtung 0 ze drecken?

  3. Am Rapport vun 2019 vun der Association d’assurance accident kann een Zuelen vum den déidlechen Aarbechtsaccidenter tëscht 2013 an 2019 noliesen. Hei koum et 2019 zu 16 Doudesfäll, dovunner 10 op der Aarbechtsplaz, 4 als Accident de trajet an 2 wéinst Maladie professionnelle. Am Rapport vun der ITM vun 2019 liesst een vun “nëmmen” 9 déidlechen Accidenter. Wann een d’Zuelen vun 2020 kukt, schwätzt AAA vun 7 déidlechen Accidenter op der Aarbechtsplaz, d’ITM kënnt nëmmen op 4. Dëst sinn nëmmen 2 Beispiller, wou d’Zuelen net iwwerteneen stëmmen.  Wéi erkläeren sech d’Ministeren dës ënnerschiddlech Zuelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6376

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene