Mengen Informatiounen no soll an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an den CGDIS entstoen. A menge parlamentaresche Froen n°3404 an 5328 hat ech deemools schonn Informatiounen zu dësem Projet gefrot.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Wäert esou ee Projet vun engem gemeinsamen Asazzenter op dëser Plaz entstoen? Falls nee, firwat net a wou sollen d’Police an den CGDIS an Zukunft an dëse Gemengen ënnerkommen?
QP Nummer 6362