Asaz vun CGDIS a Police beim ING Night Marathon

Den 28te Mee huet an der Stad erëm den ING Night Marathon stattfonnt. Ewéi bei all groussem Event, hunn och hei Leit vum CGDIS an der Police fir d’Sécherheet vun de Leeferinnen a Leefer an den Zuschauer gesuergt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Policebeamte waren op der Plaz, fir de Marathon ofzesécheren?

  2. Wéi vill Mann/Stonnen erginn sech heiraus fir d’Police?

  3. Wéi vill Leit vum CGDIS waren op der Plaz, fir de Marathon ofzesécheren?

  4. Wéi vill Mann/Stonnen erginn sech heiraus beim CGDIS?

  5. Wéi vill Prozent vun de Käschte vun de Mann*Stonnen (50 Leit*8 Stonnen = 400 Mann*Stonnen) déi vun der Police geleescht goufen, si vum Organisateur iwwerholl ginn? Falls et keng 100 Prozent sollte sinn, wéi héich sinn d’Käschten, déi de Staat hei muss selwer droen?

  6. Wéi vill Prozent vun de Käschte vun de Mann*Stonnen déi vum CGDIS geleescht goufen, si vum Organisateur iwwerholl ginn? Falls et keng 100 Prozent sollte sinn, wéi héich sinn d’Käschten, déi de Staat hei muss selwer droen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6332

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene