Eurostat Etüd zu der Unzuel u Leit mat Unis- oder Héichschouldiplom

Dëst Joer waren 3.380 Schüler fir de Premièresexamen ageschriwwen. Laut dem Ministère louch den Taux de Reussite fir d’Premièresexamen 2021 bei 76 Prozent. En RTL-Artikel vum 24.05.2022 huet iwwert eng Eurostat-Etüd zu der Unzuel u Leit mat Unis- oder Héichschouldiplom beriicht: Laut dëser Etüd huet Lëtzebuerg den héchsten Taux an Europa mat Ronn 63 Prozent. Et geet aus der Etüd net ervir, op dës Persounen duerch eise Schoulsystem gaange sinn oder op si eréischt spéider op Lëtzebuerg komm sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Prozent vun de Schüler, déi an deene leschten 10 Joer hier Première gemaach hunn, hunn duerno beim CEDIES eng éischt Hëllef fir eng Unis- oder Héischschoulausbildung ugefrot?

  2. a. Wéi vill Bachelordiplomer goufen an deenen leschten 5 Joer an de Registre des titres de formation ageschriwwen? b. Wéi vill Masterdiplomer goufen an deenen leschten 5 Joer an de Registre des titres de formation ageschriwwen? c. Wéi vill aner Héischschouldiplomer goufen an deenen leschten 5 Joer an de Registre des titres de formation ageschriwwen?

  3. Kann de Minister ofschätzen, wéi vill Schüler aus dem Lëtzebuerger Schoulsystem Deel vun den 63 Prozent an der Eurostat-Etüd sinn?

  4. Huet de Minister Zuelen, wéi sech déi 63 Prozent opgedeelt no Geschlecht presentéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6320

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene