D’Piraten wullen am Dreck vum Ëmweltministère: Dossier Superdreckskëscht

Déi gréng Ëmweltministesch huet der Chamber ee Gesetz fir de Finanzement vun der Superdreckskëscht (SDK) virgeluecht.

D’Virgeschicht vun dësem Gesetzesprojet ass, dass d’Cellule scientifique vun der Chamber zum Schluss komm war, dass d’Aktioun Superdreckskëscht jorelaang illegal finanzéiert gouf, well ee speziellt Finanzéierungsgesetz gefeelt huet.

D’lescht Joer hat d’Plattform reporter.lu iwwerdeems eng detailléiert Recherche zum Fonctionnement vun der Superdreckskëscht gemaach, an där eng ganz Rëtsch dubios Machenschaften opgedeckt goufen. Vill Froen, déi zënter dësem Artikel a Kommissiounssitzungen opgeworf goufen, si bis haut net beäntwert ginn an et gouf och ni een onofhängegen Audit vun der Superdreckskëscht gemaach. 

D’Piraten sinn net géint Superdreckskëscht u sech, wann de System fuktionéiert. Mee mir wäerten net mat Steiergelder Gesetzer duerchwénken, wou d’Lompen sténken.

Soulaang keen onofhängegen Audit hannert de Kulisse vun der SDK gemaach gouf an Interessekonflikter net gekläert sinn, wäerte mir Piraten der Finanzéierung vun der Superdreckskëscht net zoustëmmen! 

 

Hei gesitt dir, wat d’Piraten am Dossier SuperDrecksKëscht souwäit geschafft hunn:

 

 

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene