Entloossung no Kritik un Iwwerschwemmungsmanagement: E Fall fir den Deontologieskodex?

Wéi aus engem Artikel um Site vum 100,7 vum 30.05.2022 ervir geet, soll e Mataarbechter vun der Firma RSS-Hydro gekënnegt kritt hunn, nodeems hien sech an de Medien ëffentlech a kritesch géint d’Regierungshandele wärend den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 geäussert hat. D’Kënnegung soll zustane komm sinn, well de Patron vun der Firma evitéiere wollt, ënnert politeschen Drock ze kommen a seng aner Mataarbechter do virdrunner schütze wollt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Minister der Meenung, dass dee vun 100,7 beschriwwene Fall misst mat Bléck op den Deontologieskodex iwwerpréift ginn, sollt sech erausstellen, dass ënnert de politesche Vertrieder, déi Drock op den Employé an d’Firma ausgeüübt hunn, och Regierungsmembere waren?

  2. Mat wéi enge Konsequenze misst an deem Fall gerechent ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6267

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene