Ministeren an hier Immobilien

Den Deontologieskodex, deen sech d’Regierung selwer operluecht huet, gesäit vir, dass all Minister eng Lëscht opstelle muss, aus där fir de Public ersiichtlech gëtt, ob ee Regierungsmember Interessekonflikter kéint hunn. An der aktueller Wunnengskris ass bebaubare Buedem zu Gold ginn. D’Plus-Valuen, déi ee mat Investissementer an Immobilië ka maachen, sinn héich lukrativ. Momentan muss ee Regierungsmember awer net uginn, ob en, ausser sengem Wunnsëtz, weider Terrainen oder Immobilië besëtzt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wier d’Regierung bereet, fir d’Deklaratioun aus dem Deontologieskodex op Immobilien an Terrainen z’erweideren, fir esou an der aktueller Immobiliëkris transparent mat Interessekonflikter ëmzegoen?

 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6251

Zesummenhang posts

Dës Woch huet d’Europäesch Kommissioun e Kadervertrag vu bis zu 180 Milliounen Euro fir souverän Cloud-Servicer un europäesch Ubidder attribuéiert — e kloert Signal
Den ale Plan national de lutte contre le tabac ass ausgelaf a sollt, no den engagéierte Verspriechen, evaluéiert ginn ier en neie Plang ausgeschafft