A verschiddene Mietverträg gëtt de Loyer nach indexéiert. Dat bedeit, dass bei all Indextranche de Loyer vum Locataire eropgeet. Virun allem am Commerce ass dat de Fall, mee och beim loune vu Wunnenge kënnt et awer nach vir, obwuel am Mietgesetz virgesinn ass, dass de Locataire sech dogéint wiere kann.
Näischt schwätzt géint Upassunge vum Loyer, virun allem wann sech fir ee Proprietär méi Käschten erginn, zum Beispill duerch méi Zënsen oder Renovéierungen. Mee fir déi Fäll ginn et speziell Prozedure fir eng Erhéijung vum Loyer, am Accord mam Locataire, ze beschléissen.
Et gëtt kee gudde Grond fir eng Indexéierung vum Loyer: d’Gebaier huelen u Wäert zou a sinn duerch ee Wäertverloscht duerch d’Inflatioun gutt geschützt. Och d’Käschte vum Appartement ginn, ausser dem Zënsen op engem Prêt, normalerweis net erop mat der Inflatioun. D?Chargë bezilt de Locataire souwisou schonns.
Deemno ass d’Indexéierung vum Loyer Quatsch, ob fir Wunnengen oder fir kleng Geschäfter.
Dofir hu mir Piraten eng Propose fir een neit Gesetz an der Chamber deposéiert.
Et muss Schluss sinn mat der Indexéierung vu Loyeren!
Iwwregens: och beim FOnds du Logement sinn d’Loyeren indexéiert. Dat fanne mir och schlecht!
https://piraten.luindexeierung-vu-loyeren-beim-fonds-du-logement/