Ekologeschen Impakt vum Wandpark vu Sudenergie

Ee Wort-Artikel vum 12te Februar 2021 hat iwwert de Bauprojet vun engem Wandpark beriicht, dee vun der Firma Sudenergie S.A. (fréier Sudgaz) zesumme mat der Firma Soler bedriwwe soll ginn. Vun den 23 Anlagen, déi u sech queesch duerch de Süden geplangt waren, sinn zum jëtzegen Zäitpunkt nëmmen nach 5, déi wäerte kënne realiséiert ginn. Vun deene fënnef Wandanlage soll jeeweils eng an d’Gemeng Dippech, Recken-op-der-Mess an och Suessem stoe kommen. Gebaut gi sollen dës Wandrieder um Bord vu verschiddene Natura2000-Vulleschutzgebidder.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op wéi eng Terrainen (Parzellen) an deene jeeweilege Gemenge kommen déi geplangten d’Wandrieder genee hin?

  2. Sinn d’Etüden zum Ëmweltimpakt fir déi geplangte Wandrieder zu Dippech, Recken-op-der-Mess a Suessem ofgeschloss? Falls jo,  1. wat fir een Impakt wäerten d’Wandrieder op déi eenzel Natura2000-Gebidder hunn? 2. wat sinn d’Konsequenze fir d’Déieren an der Ëmgéigend? 3. op wéi enger Héicht dierfen d’Wandrieder opgestallt ginn? 4. wéi vill Kaméidi (an Dezibel) wäerten dës Anlage produzéieren? 5. wéi wäit sinn d’Wandrieder vun de Wunnengen an Haiser am Ëmkrees ewech? 6. wéi eng Kompensatiounsmoossname sinn eventuell virgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6191

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene