Schléissung vu weidere Post-Guicheten, och zu Rodange?

Aus de soziale Medie gëtt ee gewuer, dass d’Post aktuell ee Flyer verdeelt, fir erauszefannen, wéi oft de Postbüro zu Rodange benotzt gëtt. An der Vergaangenheet goufe jo schonns eng zech Filialë komplett zougemaach, wat fir Onzefriddenheet bei ville Biergerinnen a Bierger gesuergt huet. De Minister hat den 2te Mäerz 2022 an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°5663 geschriwwen, dass d’Post-Filiale zu Déifferdeng net wäert zougemaach ginn an och nach eng zu Belval opgemaach soll ginn. Fir Mëssverständnesser aus dem Wee ze goen, wier et gutt, wa gewosst wier, op wéi eng Changement d’POST-Clienten sech an Zukunft mussen astellen, wa weider Büroen zou ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Weess de Minister, wéi vill Postbüroen 2022, 2023 an 2024 wäerten zoumaachen? Ëm wéi eng Filialen handelt et sech?

  2. Weess de Minister, wéi vill nei Postbüroen a Point POST 2022, 2023 an 2024 wäerten opmaachen? Ëm wéi eng Filialen handelt et sech?

  3. Kann de Minister bestätegen oder widderleeën, dass de Postbüro zu Rodange seng Diere wäert zoumaachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6189

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt