Nei Astellungen am Ëmweltministère

Als “Invité vun der Redaktioun” am RTL-Interview vum 12te Mee, huet d’Madamm Ministesch bestätegt, neit Personal agestallt ze hunn, dat si bei hirer Aarbecht am kommende Joer am Ëmweltministère soll ënnerstëtzen.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune goufen zousätzlech agestallt?

  2. Wéi laang huet d’Astellungsprozedur am kierzeste Fall an am längste Fall gedauert vun der Ausschreiwung vum Poste bis zum Ënnerschreiwe vun de Kontrakter?

  3. Goufe Persoune gekënnegt oder versat oder koume just Mataarbechter dobäi?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6183

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene