Betréiung an de Maison Relaisen

De 5te Mee war an der Chamber den ëffentlechen Debat zur Petitioun n°2061, déi Hëllefe fir Eltere gefuerdert huet, déi hier Kanner net an eng Maison Relais ginn. Am Kader vun dësem Debat, war d’Méiglechkeet ugeschwat ginn, fir ausrechnen ze loossen, wéi vill de Staat am Schnëtt fir d’Betreiung an enger Maison Relais fir ee Kand bezuelt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnen d’Ministere mir eng Estimatioun ginn, op wéi vill sech d’Fonctionnementskäschte vun enger Maison Relais an enger grousser Gemeng (iwwer 10’000 Awunner) chiffréieren?

  2. Wat fir een Montant pro Kand géing sech hei eraus erginn?

  3. Kënnen d’Ministesche mir eng Estimatioun ginn, op wéi vill sech d’Fonctionnementskäschte vun enger Maison Relais an enger grousser Gemeng (ënner 10’000 Awunner) chiffréieren?

  4. Wat fir een Montant pro Kand géing sech hei eraus erginn?

  5. Wéi vill Kanner stinn op Waardelëschten fir eng Plaz an enger ëffentlecher Maison Relais?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6162

Zesummenhang posts

https://www.chd.lu/fr/question/30720 https://www.chd.lu/fr/seance/3087?sequenceId=276325 De Luxembourg Film Fund gëtt zënter Jore mat substantiellen ëffentleche Mëttel finanzéiert a soll och an de kommende véier Joer ronn 180
Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no