Assistance à l’inclusion

All Aarbechter am Privatsekteur mat engem Statut handicapé an all Aarbechter am Privé am Reclassement extern kann zesumme mat sengem Patron eng “assistance à l’inclusion dans l’emploi” bei der Adem ufroen, wann een Aarbechtskontrakt vu mindestens 12 Méint virläit. Dee Moment kuckt een Assistent mat dem Aarbechter an dem Arbeitgeber, fir déi speziell Besoine vum Aarbechter ze definéieren, ee Projet auszeschaffe fir dës Besoinen z’erfëllen an ee Suivi vun der Ëmsetzung ze maachen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir eng Assistance sinn säit der Aféierung am Feburar 2020 agaangen?
  2. Bei wéi villen Demanden handelt et sech ëm Aarbechter mat engem Statut handicapé?
  3. Bei wéi villen Demanden handelt et sech ëm Aarbechter am Reclassement extern?
  4. Kann de Minister Zuelen zu der Gréisst vun den Entreprisë ginn, déi dës Assistance an Usproch geholl hunn?
  5. Den Assistent schreift ee Rapport final, an deem festgehale soll ginn, op de Projet ee Succès war a wat fir Aktiounen nach no der Assistenz-Zäit sollen ëmgesat ginn. Wéi vill Prozent vun de Schlussrapporte säit der Aféierung ginn ee positiivt Schlussresultat erëm? Wéi vill Prozent een negatiivt?

QP Nummer 6128
Verlaf an der Chamber

–> Den Aarbechtsminister huet an senger Äntwert missten erkläeren, dass nach kee vun dëser Assistance profitéiert huet. Mir Piraten fannen dat immens schued an hunn dofir beim Minister nogefrot, wat en da wëll ënnerhuelen, fir dass dës Assistance genotzt gëtt.

Verlaf an der Chamber
Fro Nummer 6181

Mir hunn och der Familljeministesch d’Fro gestallt an di selwescht Äntwert hei krut:

https://piraten.luactivite-dassistance-bei-der-adem/

QP Nummer 7769

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene