Ennerbréngung vun Geflüchteten an Déngschtwunnengen

Aktuell sinn eng ronn 4’000 Persounen aus der Ukrain geflücht. Dës Persoune mussen nieft deenen déi de Statut BPI respektiv DPI hunn, vun der ONA an dem Familljeministère encadréiert ginn. Laut der Äntwert op d’Fro n°867, ginn et 103 Déngschtwunnenge fir d’Police vun deenen dee Moment (Juli 2019), nëmmen eng ronn 27 genotzt goufen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Déngschtwunnenge vu Police an Douane stinn am Moment ronderëm Land eidel?

  2. Wéi vill Déngschtwunnenge vu der Arméi stinn am Moment ronderëm Land eidel?

  3. Wier et hei net méiglech déi eidel stoend Wunnengen, och déi wou soll dru geschafft ginn, oder wou am Moment ëmfunktionéiert ginn, fir d’Ënnerbréngung vun de Geflüchteten ze notzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6026

Zesummenhang posts

An der Äntwert op meng Fro n°1971 iwwert d’Versteeë vun Immobilien goung ervir, datt zanter 2019 insgesamt 1.364 Immobilien op ëffentleche Steeën verkaaft goufen.Am
Geméiss dem Artikel 27 vum Gemengegesetz kënnen d’Gemengen, Jetons de présence un Membere vum Gemengerot an u Membere vu consultative Kommissiounen ausbezuelen. De Montant