Schildkröten am Naturschutzgebitt: ginn déi Déieren doud gemaach?

Am Naturschutzgebitt “Haff Réimech” goufen am Waasser Këschten opgestallt. Et handelt sech heibäi ëm Schildkrötefalen, mat deenen d’Déieren agefaange ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat gëtt mat de Schildkröten gemaach, déi um Haff Rémech agefaange ginn? Stëmmt et, dass dës Déieren doud gemaach ginn?

  2. Wéi vill Schildkröten goufen bis elo gefaangen a wéi vill goufen der doud gemaach?

  3. Wéi vill Schildkröte befannen sech aktuell um Sitt?

  4. Op wéi engen anere Platzen hei Land kommen dës Falen zum Asaz?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5991

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt