Parteifinanzéierung 2018: d’Piraten krute Recht!

Den 3te Februar 2022 hat d’Verwaltungsgeriicht an engem Fall tëscht eiser Partei an dem Staatsministère decidéiert, dass eise Bilan, dee mir fir d’Joer 2018 präsentéiert haten, richteg war.

De 15te Mäerz krute mer Post vum Premierminister Xavier Bettel. Et war eng erfreelech Post, well de Premierminister huet eis matgedeelt, dass hien d’Geriichtsurteel vum 3te Februar 2022 akzeptéiert. Domadder ass kloer, dass d’Piraten an dëser Affär Recht haten.

D’Fro vun der Legalitéit vu verschiddenen Donen ass domadder gekläert. Mir Piraten waren der Meenung, dass all Don muss transparent am Bilan opgeluecht ginn, wat mer och esou gemaach hunn. Eis Partei huet a senger Interpretatioun vum Gesetz op ganzer Linn vum Verwaltungsgeriicht Recht krut: net nëmmen hu mer d’Saache richteg deklaréiert, mee d’Geriicht bestätegt och, dass mir an eisem Virgoen an absolutter Transparenz gehandelt hunn. 

Am Nachhinein bleift awer d’Fro, ob déi aner Parteien an der Vergaangenheet hier Donen ëmmer richteg deklaréiert hunn. Fir Zukunft ass lo op mannst kloer: alles muss opgeluecht ginn. 

Mir freeën eis haut doriwwer, dass de laange Prozess um Geriicht um Enn een Erfolleg war!

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll