Méi Dateschutz fir d’Wahljoer: d’Piraten maachen Eescht.

D’Piraten hunn haut eng Demande gemaach, fir dass eise Gesetzesvirschlag vun 2019 (!) endlech an der Chamber behandelt gëtt. Mir wëllen net méi, dass d’Parteien einfach esou Zougrëff op Datebanke vun alle Leit hei am Land hunn, fir dann hier Wahlwerbung geziilt kënnen un d’Leit ze maachen, op Basis vun hirer Adress, Alter oder Nationalitéit.

Mir fuerderen ee Verbuet, fir dierfe Kopië vun deene Lëschten ze maachen!

Mir fuerderen, dass den Dateschutz och bei Wahlen respektéiert gëtt!

https://piraten.lugesetzesvirschlag-zu-de-wielerleschten/

Hei ass eise Bréif:

Här President,

mir bieden Iech dëse Brief un de President vun der Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle weiderzeleeden. 

D’Sensibilité politique Piraten huet de 27te Juni 2019 de Gesetzesvirschlag n°7453 portant modification de la loi électorale modifiée du 18 février 2003 deposéiert. 

Den Artikel 63 vun eisem Chambersreglement gesäit vir, dass véier Wochen nom Dépôt déi zoustänneg Kommissioun mat der Proposition de Loi befaasst muss ginn an ee Rapporter genannt muss ginn. 

Eis Sensibilitéit fuerdert, dass d’Chambersreglement respektéiert gëtt an de Gesetzesvirschlag op den Ordre du Jour vun der Kommissioun gesat an nach bis spéitstens Abrëll behandelt gëtt. 

Dës Weidere géife mir Iech biede beim Staatsrot z’intervenéieren, fir eis zäitno säin Avis zu dësem Gesetzesvirschlag zoukommen ze loossen.

De Gesetzesvirschlag betrëfft d’Prozedur vum Walgesetz an ugesiichts vum Waljoer 2023 sollt dës Propositioun bis spéitstens dohinner evakuéiert ginn.

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene