Communiqué
D’Plattform JIF (Journée internationale des femmes) setzt sech als Daachverband vu ronn 20 Asblen, privat Persounen a politeschen Acteure säit 2011 fir d’Rechter vun de Fraen hei zu Lëtzebuerg an. 2020 huet den éischte Fraestreik ënnert der JIF zu Lëtzebuerg stattfonnt.
Mir Pirate setzen eis säit eiser Grënnung fir d’Fraerechter an. Mir ënnerstëtzen d’JIF an hirem Asaz a stinn och hannert der JIF wann et ëm den Demonstatiounsperimeter an der Stad Lëtzebuerg geet, deen de Schäfferot vun der Gemeng der JIF wëll virschreiwen. D’Covid-Kris an d’Ausschreidunge bei net ugemellte Covid-Demonstratiounen dierfen net als Virwand genotzt ginn, fir d’Demonstratiounsrecht vun anere Gruppen anzeschränken. D’JIF an hier Memberen hunn hir Manifestatiounen an Evenementer ëmmer ugemellt, a sollten dofir och wéi déi Jore virdrun, dee Wee duerch d’Stad maachen, deen si wëllen.
Et gëtt an eisen Ae kee Grond, fir d’Demonstranten an Demonstrantinnen net de Wee vun der Gare bis op d’Place d’Armes maachen ze loossen, esou wéi si et och déi Jore virdru gemaach hunn.
Mir maachen eis staark fir fräi Demonstratiounen a fuerderen dofir d’Buergermeeschtesch, d’Police an de Minister fir Bannenzeg Sécherheet op, an der geplangter Reunioun vum 22ten Februar mat den Organisateure vum Fraestréik eng Léisung ze fannen, déi d’JIF zefridde stellt.