Gesetzespropos Remboursement vun der CNS

Den 10te Februar hunn huet den Deputéierte Sven Clement eng Gesetzespropos fir d’Piraten zum Remboursement vun der CNS agereecht. Am Moment huet een 2 Joer Zäit, fir seng bezuelten Doktersrechnunge bei der CNS anzeschécken. Elo kann et eemol sinn, dass eng Rechnung verluer geet, oder dass een einfach gesondheetlech net méi esou fit ass an seng Saachen heiansdo vertässelt. Virun allem bei Persounen déi een Tuteur brauchen kann et virkommen, dass dësen net ageschéckte Rechnunge fënnt an d’Suen laut heutegem Gesetz verluer sinn. Dat fanne mir Piraten net richteg, d’Leit hunn hir Rechnung bezuelt, a sollten och no 2 Joer nach kënnen ee Remboursement vun der CNS kréien. Dofir hunn mir dës Gesetzespropos an der Chamber deposéiert, no der den Artikel deen den Delai am Code de la Sécurité sociale festhält, gestrach soll ginn.

Hei fannt dir eis Gesetzespropos:

 

Hei kënnt dir de Verlaf an der Chamber suivéieren

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene