Enquête zum Benevolat zu Lëtzebuerg

Den 28ten September 2021 gouf an der Familljekommissioun meng Motioun vum 9.07.2020 iwwert ee Screening vun de bestoend Congéë behandelt. D’Familljeministesch huet erkläert, dass eng Enquête zum Benevolat zu Lëtzebuerg um Lafe wier, an dass dës viraussiichtlech Enn des Joers soll ofgeschloss sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass dës Enquête mëttlerweil ofgeschloss? • Wa jo, wat sinn d’Resultater vun dëser Enquête? • Wann nee, kann d’Ministesch mir een Zäitplang nennen, an deem d’Enquête wäert ofgeschloss ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5682

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt